bin laden … santo subito?

bin laden => santo subito … ?

… vreck, wat eng abstrus, an ongeheierlech behaaptung, duecht ech, wéi mir dëse gedanken duerch de kapp goung.

An dach gëtt et erschreckend parallelen! Wat nämlech déi béid verbënnt, de wojtyla an de bin laden, ass ee parcours mat onmassen doudeger! An deem mooss vill, dass ee sech et eigentlech nit virstelle kann, oder wëll! Déi eng, d’affer vun den terrorattacke vum “9-11”, leien ënner de ruinen an am stëpps vum worldtradecenter, an iwwerall soss uechter d’welt, wou al qaida gebommt an attentater gemaach huet … an déi aner, millioune, meeschtens schwaarzer, huet de wojtyla mat um gewëssen. Mä iwwer déi traut kaum ee sech haart ze schwätzen, well et sech nach ëmmer nit passt, un eng institutioun krazen ze goen, där hir laang, pechschwaarz tentakelen an all beräicher vum ëffentleche liewe ausgestreckt sinn, a vrun allem bei ganz ville leit bis déif an déi onbekannteste regioune vum cortex virgedronge sinn!

Tatsaach ass (http://www.unaids.org/en/), dass 1,5 millioune leit d’joer, wäit ewech vun heiheem, an afrika“un der loscht” stierwen! 22,5 millioune séropositiv mënsche vun deem nämlechte kontinent, an der sub-sahara, krute joerelaang vum wojtyla am numm vun der kathoulescher kierch agetriichtert an agehummert, dass ee sech schëlleg mécht, wann ee beim geschlechtsverkéier gummie benotzt, well een doduercher den eigentleche sënn vum geschlechtsakt, nämlech d’procreatioun géing verhënneren (sic)!

Do muss een emol déif loft huelen, éier ee sech da freet, wou den zesummenhang ass, a wat d’verbrieche vun deem enge mat de kriminellen dote vun deem aneren ze dinn hunn. Wee sech seet, et sollt een nit äppel mat bire vergläichen, ween denkt, dat wär dach alles wäit hir geholl, dee sollt sech dach emol vrun aë féieren, dass grad just haut nees a méi wéi jee, am numm vu “weltrelioune”, mënsche stierwe gelooss an ëmbruecht ginn, an dass massemord als eng gerecht cause justifiéiert gëtt, vu katholike genee sou wéi vun islamisten!

Sollt engem dat als atheist egal sinn? Wéi iwweregens och de mënschenoplaf zu roum, déi 1 millioun leit, déi am vatikan dobäi wore bei der zeremonie, mat där d’kathoulesch kierch hir decisioun vun der “séilegsprichung” bekannt gemaach huet? An dass “kirchenexperten” zur conclusioun komm sinn, de wojtyla hätt zäitliewes ënner diviner guidance wonner vollbruecht! Oder däerf engem dat, och als atheist, grad just nit egal sinn? Sollt een éieren de mond halen, nëmmen de kapp rëselen an eng fauscht an der täsch man? Mir missten dach eigentlech alleguer, sou wéi mir als mënschheet weider komm sinn an haut denken, a sou wéi äis gesellschafte fonctionnéieren, aus dem däischtere mëttelalter eraus sinn, fräi a befreit vu superstitiounen!

Et wor awer nach nit alles, wat op dësem éischt-mee-weekend d’welt bewegt huet. Et gouf do nach d’hochzäit zu london, wou sech ee prënz nit mat enger prinzessin, mä mat enger biergerlecher bestued huet, d’dote wor méi wéi argument genuch! An du méindes moies, den 2. mee koum als ofschloss vun deem réusséierte weekend d’nouvelle, dass eng amerikanesch spezialunitéit zu abbottabad am pakistan den topterrorist bin laden ëmbruecht hätt. D’welt ass also erëm an der rei, op d’manst deen deel vun der welt, wou mir drop ronderëm lafen an nokucke, wéi “geschicht” gemaach gëtt. Am mëttelpunkt déi räich an déi schéin, an déi déi äis spirituell werter virléien, an op där anerer säit déi, déi eng gerecht strof hu musse kréie fir d’atrocitéiten, déi se vrun 10 joer ugestiwwelt haten! Domadder hu mir an engems äis iwwerliwwert werter reconfirméiert kritt, a mir brauchen äis keng gedanke méi driwwer ze man, oder komplizéiert äntwerten op froen ze siche, wat dass richteg ass oder och nit!

Maache mir äis d’liewen also nit ze schwéier, andeems mir ze vill denken a froen stellen! Et geet duer ze gleewen, un dat gutt am mënsch, un äis selwer, an un déi, déi äis wëlle “guidéieren”! Ee gesiicht, färdeg retuschéiert fir op een hellegebild, seet alles … et ass de portrait vun deem mann, deen zäitliewes vrun allem de leit an afrika gepriedegt huet, nëmmen abstentioun a chastetéit kéint aids verhënneren! Ween et aaneschtes géing “dreiwen”, wee sex virum bestiednëss hätt, oder an der koppel, bestuet a mat anere partnerInnen niewelaanscht, oder gläichgeschlechtlechen, also kee korrekte sex, deen hätt et nit aneschtes verdingt! Aids, sou de wojtyla sengerzäit, wär eng pathologie vum geescht!

D’moral vun all deenen, déi sech selwer d’prädikat “réimesch-kathoulesch”attestéieren, déi d’nächsteléift fir sech revendiquéieren an an engems contra natura vum mënsch sexuell abstentioun priedegen, ass kriminell. Ween de leit esou verhalensregelen imposéiere wëll, gehéiert vrun ee geriicht! Wat zanter joerhonnerte vun der réimesch-kathoulescher kierch als pervers sexualmoral dem vollek octroyéiert gëtt, huet elo säin héichpunkt erreecht, a kulminéiert an der wojtyla-séilegspriechung vum 1. mee 2011.

Grad just hien, dee sech zäitliewes mat der sozialethik schwéier gedinn huet, deen a form vun obskure ritualer nit manner wéi 1338 leit séileg, an der 482 helleg gesprach huet, an deen iwwerdeems genëschelt an ongenéiert zechdausende pädophiliefäll an der kathoulescher kierch ënner den teppech gekiert, an déi betraffen affer vun där nämmlechter kierchlecher gewalt mat hirem schicksal alleng gelooss huet, deen huet nit méi virbildfonctioun wéi den top-terrorist, deen d’amerikaner erschoss hunn! Dohir d’fro am titel, op de bin laden nit och eng partie critèren erfëllt … säin dout, dee vermaarte seng unhänger souwisou als martyrium. Och dat kënnt engem dach bekannt vir, aus der réimesch-kathoulescher kierch, märtyrer, déi séileg an duerno helleg gesprach goufen!

Et gëtt vill méi parallelen a beréirungspunkte wéi een der wuel op den éischte bléck erkennt … mä mat kengem dovunner ass der mënschheet och nëmmen iergend een déngscht geleescht!

Advertisements

5 responses to “bin laden … santo subito?

  1. Deem kann ech nëmmen zoustëmmen. Awer – och wann ech riskéieren alèng do ze stoen: Wou si mir, wann d’USA an e friemd Land gin, an do e kaalbliddege Mord beginn, wou d’Politiker (MERKEL)sech öffentlech freën an dem OBAMA gratuléieren. Huele mir dat hin, well et jo e “gudde Mord” war un engem ganz uerge Kärel? Grad esou wéi en preventiven (?) Krich?

    • ech mengen emol nit, dass dir mat äerer behaaptung aleng do stitt!
      leider ass et awer esou, dass mir äis zanter joerhonnerte d’recht zougestinn, egal wou an der welt äis “werter” a “westlech usiichten” z’imposéieren. a ween nit paréiert, ween nit gleeft a viru seng kultur lieft, op an afrika, am middle oder am far east, oder egal wou um globus, dee krut a kritt einfach de kapp ageschloen, a mir maachen dorausser einfach ee “gudde mord”, respektiv ee “gerechte krich”.
      an am ganz rezente kontext, an nach ëmmer am zesummenhang mat menger publication “bin laden … santo subito?” sief nach eng aner fro opgeworf:
      wee profitéiert vum al qaida top-terrorist sengem dout? wee profitéiert vun der séilegspriechung vum wojtyla?

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s