aha!

Luxembourg, 20 April 2011

wann een dat kann draus interpretéiere, wat den 20. abrëll 2011 am tageblatt ze liese wor, steet d’marieland lëtzebuerg nit nëmmen ënner schock, ma scho bal ënner waasser! Et heescht, wéinst de groussen affiche vun aha (allianz vun humanisten, atheisten & agnositker) op enger parti autobusse (mam text “Net reliéis? Stéi dozou!”) géinge sech vill gleeweg katholiken blesséiert spieren, agresséiert, jo souguer an hirem glawe menacéiert.

Aus konservative kreesser gëtt iwwerdeems den opruff gesteiert, sech ze wiere géint dës “d’campagne géint reliositéit”.

An esou munnecher een, deen zwar aus prinzip ni mam bus, ma ëmmer nëmme mam privatauto hannert busse fiert, stellt sech d’fro, wuer dass et eigentlech higeet, mam land, senge leit, der moral an der uerdnung!

Ma wee steiert eigentlech, mat weem sengem geld, d’riposte géint der aha hir actioun, eng campagne déi iwwregens vu privatleit, mat hire cotisatiounen an donen, an nit vu steiergelder finanzéiert gëtt?

A wee suergt fir d’publicatioun vu populisteschen aussoen an topegkeete mat ënnerschwellege menace vum genre, dass ganz parverbänn nit méi an déi autobusse wäerte klammen, op deenen hannen drop eng grouss affiche vun aha gepécht ass!

Hunn déi besuergt katholiken, an déi déi fir si d’fiedem zéien, eigentlech gelies, wat affichéiert ass? Dass et nit méi an nit manner ass wéi een appel un de gesonde mënscheverstand, dass ee ganz einfach a mat e bëssen zivilcourage zu deem sollt stoe, wat een denkt, a vun dem een iwwerzeegt ass! Dass een dofir fir d’éischt muss erwächen, läit op der hand … ma dee slogan, dee vum “erwächen”, deen huet bekanntlech och ee batteren nogeschmaach, mëssbraucht vun där sekt, déi hiren adepte mat biblesche spréch fir d’éischt d’gehir wäscht, a se da mat geféierleche publicatiounen am grapp op stroossenecker stellt, a si zu marionetten degradéiert.

Kritesche geescht huet nach ëmmer gestéiert, marionetten awer hu keen iwwerleeës, a gi mat ficelle manipuléiert. Bei äis domestikéiert, mat dafschäin, a programméiert mat enger typesch lëtzebuerger software, nämlech “maach wéi d’leit, da geet et dir wéi de leit”!

Wat géingen “déi leit” awer wuel man, wa mir tatsächlech zu deem stéingen, wat mir zu souvill sinn, also “nit reliéis”. D’äntwert läit op der hand, erwuesse wäre mir, responsabel fir äis selwer, mat deem wat mir denken, a vun deem mir iwwerzeegt sinn. An iergend eng kéier kéinte mir dat dann och, wat anerer ëmsoss an de sekte sichen: ouni ängschte liewen, a ganz einfach zefridde sinn.

Halt iech also eraus, kierch, kierchepolitiker an all är handlaanger, halt iech eraus aus de leit hire käpp!

Ech stinn op alle fall dozou, si scho lang aus der kierch ausgetrueden, a member vun aha (www.aha.lu).

Advertisements

3 responses to “aha!

  1. Gilles,
    Du schwaetz / schreiws maer aus dem Herz. Ech fannen et revoltant wie d’Kirch op die Buscampagne reagéiert, mae u sech daerft et een net erstaunen, sou wie die kathoulesch Kirch duerch d’Weltgeschicht opgetrueden as. Den Ennerscheed zum Mettelalter as jhust dass d’Leit haut (e besseli) mie “illuminéiert” sin an sech net mie duerch total irrational Kneppel die reng aus Angscht bestin ofschrecken loossen, an zumols zu engem certain extent, kapabel sin eng eegen Meenung ze hun. Lo bleiwt jhust ze hoffen datt genuch Leit hieren Zivilcourage an sech selwer zesummenkraatze kennen an zu hierem Glawen, oh Pardon, hierem NET Glawen kennen stoen.
    Sonnege Metteg.
    kim.

  2. ech stin och derzou fannen et super den courage ze hun öffentlech dozou ze stoen sech net vun aneren manipuléieren ze lossen aus angscht eben grad just mach wéi Leit dann gét et der wéi den Leit wann dat Bedingung ass fir akzeptéiert ze gin NEE MERCI

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s